Rendezvous fir een COVID-19 Test
Dir krut eng Ordonnance vum Dokter fir een COVID-19 Test?
Den LNS Testzenter ass op vu Méindes bis Freides, vun 10:00 bis 16:45 Auer. Dir kënnt de Rendezvous fir Ären Test bis zu enger Woch am Viraus mam folgenden Formulaire buchen. D'Resultater vun Ärer Analyse gi bannent 24 Stonnen per SMS un déi ugeginnen Handysnummer verschéckt. Am Fall vun engem positive Resultat wäert en LNS Dokter de Patient per Telefon kontaktéieren.
Fir COVID-19 Tester bei Kanner vun 2 bis 6 Joer, maacht w.e.g. e Rendezvous online mat der Ligue médico-sociale.
Fir eng Iwwerlaaschtung vun eiser Telefonszentral z‘évitéieren, froe mir Iech w.e.g. net wéinst d'COVID-19 Testresultater (dës ginn Iech automatesch matgedeelt) unzeruffen a consultéiert als éischt eis FAQ Rubrik fir Är aner Froen, Dir fannt Är Äntwerte warscheinlech schonn do.
Wann Dir eng Invitatioun fir de Large Scale Testing kritt hutt oder eng Rees an d'Ausland plangt, benotzt w.e.g. déi entspriechend Online Plattform.
Dir hutt Äre Rendezvous scho gemaach a wëllt en änneren oder annuléieren: Loggt Iech w.e.g. an.
Dir hutt Froen? Zéckt net eis FAQ Sektioun ze consultéieren, Dir fannt Är Äntwerte warscheinlech do.